Anescht kafen, Aneres verkafen

SLOW FOOD Lëtzebuerg, Fairtrade Lëtzebuerg an etika – Initiativ fir alternativ Finanzéierung – organiséieren am Kader vun der Serie HUNGRY PLANET een Owend iwwert nei „Geschäftsmodeller“.

Anescht kafen, Aneres verkafen

En neie Geschäftermodell

„Koofen ist was für die Doofen“,

huet et an engem Lidd an de 70er Joren geheescht. An effektiv gin d’Otto/Ottilie-Normalerbraucher*innen mat engem Tsunami vun Wueren ugelackelt, vun denen e groussen Del dono als TRASHedy landt, fir de Numm vun enger Theaterstéck an de Rotonden ze klauen.

Gin et aner Verkafsmodeller fir Verbraucher*innen, déi anescht an aner Wueren wëllen notzen? Musse Biérger vun Verpakungen de Caddy an dono d’Dreckskëscht vun den gestresste Shopperten fëllen? Mussen Liéwesmëttel aus Biolandabau oder fairem Handel éiweg en Nischen-Dasein fristen?

Am Schiéd vun de Grandes Surfaces, déi sech zu Lëtzebuerg epidemieartig ausbreden, kommen ëmmer méi Gnomen aus Feld an Atelier, déi versichen besser Produkter, déi ekologesch an sozial correct sin, un Mann, Frau a Kand ze bréngen.

Mir wëllen der e puer vun denen viirstellen an de Publikum nohake loossen, wat d’Chancen an d’Limiten vun dem neien Geschäftsmodell sin.

Tante Emma Laden reloaded:

E puer Initiativen zu Lëtzebuerg präsentéieren hir Geschäftermodeller:

Eis Epicerie Zolver:

Myriam Cecchetti an Jos Piscitelli

Mär sin eng solidaresch, oekologesch, regional, saisonal, fairtrade, mat wéineg Verpackung orientéiert Epicerie am Sënn vun enger Coopérative, déi och d’Präispolitik am An huet (also probéiert net ze déier ze sin).

Ouni (Projet Bouneweg):

Patricia Tompers an Anne Jacoby.

OUNI (Organic Unpackeged Natural Ingredients) ass eng Cooperative déi den éischten verpakungsfräie Biobuttek zu Lëtzebuerg opmaachen wëll. Als ëmweltfrëndlech Alternativ zu konventionelle Supermarchéë bidd OUNI de Verbraucher d’Geleeënheet fir Liewens- an Haushaltsmëttel nohalteg ouni onnëtz Verpakungen ze kafen.

Co-Labor:

Jörg Nussbaum – Agraringenieur.

Säit 14 Joer ass hien als Ausbilder bei Co-Labor täteg – engem Bio-Geméisubaubetriib, deem säin Ziel et ass, Laangzäitaarbeschtloser ze resozialiséieren an a Kooperatioun mam Lycée Technique Agricole Schüler unzeléieren. Co-Labor ass ausserdeem bekannt fir de Gréngekuerf, ee Geméiskuerf, deen een eemol d’Woch ofhuele kann.

Akabo:

Karel Lambert.

Akabo ass den éischten Fashion-Bus zu Lëtzebuerg mat engem breetgefächerten Angebot un fair an ökologesch produzéierten an gläichzaiteg jonker an moderner Kleedung.

Dono Buffet vum Haus-Traiteur Steffen :

Mini-tranches de pâté de Riesling / Pointe d’asperges, émulsion de pistache et pomelos en gelée / Truite fumée, fenouil et pois chiche en couches / Risotto aux asperges nouvelles / Lentilles corail et vertes, cube de saumon fumé / Confit de rhubarbe et fraise avec son crumble / Bamkuch avec sa créme chiboust au Rhum et raisins flambés.

Mëttwoch, 25.05.2016 um 18:30 Auer

ROTONDES, 1 place des Rotondes, Luxembourg-Bonnevoie

Diskussioun op Lëtzbuergesch.
Onkäschtebäitrag: Memberen (*): EUR 15,- Net-Memberen: EUR 20,-
Reservéierung obligatoresch bis Méindeg, 23. Mee 2016 um Site: www.rotondes.lu

(*) Membere Slow Food, Fairtrade & etika

Photo : « The flour and stuff » by storebukkebruse is licensed under CC BY 2.0