SLOW FOOD Lëtzebuerg an etika – Initiativ fir alternativ Finanzéierung – organiséieren am Kader vun der Serie HUNGRY PLANET een Owend iwwert regional Produktioun a Vermaartung.

Vum Feld op den Teller…

Diskussioun iwwert kuerz Weeër vun eisem Iessen

Wou kënnt mäin Iessen hier? Dës Fro interesséiert ëmmer méi Konsumenten a si entscheeden sech fir regional Produiten. Ëmmer méi Produzenten entscheeden sech fir de Modell vun der Direktvermaartung. Mee wéi eng Erausfuerderunge sinn domadder verbonnen ? Derniewent entdecken d’Supermarchéen hirersäits och d’Lokalproduzenten. Wat erreechen si?

An der regionaler Arena

Jos Schank – Bauer. Als Pionéier an der biodynamescher Landwirtschaft kann de Jos Schanck op iwwer 25 Joer Erfahrung zeréckkucken. De Schanck-Haff huet eng ganz diversifiéiert Produktioun. Nieft verschiddenen Zorte Feldgeméis gëtt um Haff selwer och Kéis a Brout hiergestallt. Een Deel vun der Produktioun vum Schanck-Haff gëtt zu Hëpperdang am Haff-Buttek verkaaft.

Laurent Schonkert – Administrateur-Directeur vu der Supermarchéschaîne Cactus. D’Supermarchéschaîne verkeeft lokal produzéiert Produiten an duerch hir Serie «Food Hero» versicht si regional engagéiert Producteure méi bekannt ze maachen.

Thierry Origer – President vu Slow Food. Den Thierry Origer huet Soziologie, Philosophie a Psychologie studéiert. Hie beschäftegt sech scho säit Jore mat der Fro vum Konsum vu regionale Produiten.

Pit Reichert – Geméisgäertner. No engem Ofschloss als Kostümdesigner huet hien décidéiert eng Ausbildung als Geméisgäertner ze maachen. 2014 huet hie mat 2 weidere Frënn d’Kooperativ TERRA gegrënnt, déi sech fir de Modell vun der solidarescher Landwirtschaft an der Direktvermaartung vun hirer Geméisproduktioun entscheet huet.

Regionale Stuerm op de Buffet

Aus dësem regionalen Ulass setzt den Haus-Traiteur Steffen e Buffet mat regionalen an handwierklechen Iesswueren zesummen.

Mëttwoch, 23.03.2016 um 18:30 Auer

ROTONDES, 1 place des Rotondes, Luxembourg-Bonnevoie

N.B.
1. Keng Parkplazen um Site, Parking „Rocade“ oder „Neipperg“
2. Diskussioun op Lëtzbuergesch.

Onkäschtebäitrag: Memberen (*): EUR 15,- Net-Memberen: EUR 20,-

Reservéierung obligatoresch virum Meinden, den 21. März 2016 um Site vun den Rotondes:

http://rotondes.lu/agenda/details/event/vum-feld-op-den-teller/

(*) Membere Slow Food, Fairtrade & etika

Photo : « Vegetable Market » by EuroSlice is licensed under CC BY 2.0