Am Kader vun de Synergies vun de Rotonden organiséieren SLOW FOOD Lëtzebuerg, FAIRTRADE Lëtzebuerg an SOS Faim säit 2008 Soiréën mam Titel HUNGRY PLANET. Déi next geet un d’Wuerzelen vun der Agrarkris :

D’Zukunft séien !

Geséims aus dem Kraizschouschteschgaart

Geséims als Geschäft

Wien Slow Food oder Fair Trade oder SOS Honger seet, muss och bis un den Ursprung vun der Ernährung denken. Wann ee weess, datt e puer Konzerner d’Hand op d’Biodiversitéit vum Saatgut halen, datt déi Konzerner mat der Gentechnologie an der Agrarindustrie verflecht sin an esou d’Baueren an der ganzer Welt ëmmer méi zu hire Sklave machen, dann ass den Opbbau vun Alternativen an der Landwirtschaft, déi schonn beim Soom ufenken, méi wéi lieweswichteg.

Back to the seeds

Och zu Lëtzebuerg ass d’Problembewosstsäin an de leschte Jor gewuess. Zwar bauen ëmmer manner Leit, besonnesch am urbane Raum, hirt eegent Geméiss un, mä déi, di et machen, versichen ëmmer méi op al an lokal Zorten zréckzegräifen.

An sengem Gaart mat de villen «sch» setzt sech de Steve Schwartz fir d’Erhalung an d’Weiderféierung vun der Biodiversitéit an, e.a. duerch Selektioun, Weiderentwécklung, Archivéierung an Diffusioun vu Geséims aus der Vielfalt vun Notzplanzen.

Aus dem Kraizschouschteschgaart

De Steve Schwartz wärt eis e flotte Viirtrag iwwert d’Objektiver an d’Aktivitéiten vun sengem Biodiversitéitsparadäiss halen. Iwwer 600 Zorten ginn hei archivéiert, all Jor gin ca 100 Zorten no biologesche Kritären ugebaut a vermehrt.

Ënnermauert gët säi Virtrag mat engem kuerze Film aus der Soomgewannungspraxis. Hie bréngt och eng Auswiel vu Geséims mat, sou datt der direkt den Dag dono mam Ausséie kënnt ufenken (Virtrag op Lëtzebuergesch, Diskussioun méisprocheg méiglech).

Menu Freijorsgeméiser a Reschter aus dem Wanter

Den Haus-Traiteur Steffen Traiteur proposéiert e Menu mat éischten Freijorszaloten a -geméiser, a wann dat nach net genuch ass, kann en jo nom Prinzip „Taste the waste“ nach Geméiser aus der Hierscht-Wanter-Produktioun notzen. Iwwerraschung: vläit sin och e puer aussergewéinlech Geméiser vum Steve Schwartz dobäi….

  • salade de fèves aux oignons blancs
  • salade de poireaux encore croquants, espuma de cresson
  • œuf parfait (cuit à 64°), purée de carottes et tombée d’épinard
  • velouté de panais et son espuma de Lisanto
  • compotée de rhubarbe avec son crumble d’amandes
  • tartelette au citron meringuée

Discussioun an der konvivialer Atmosphär vun der Plattform an dem Bar vun der Rotonde1.

Mëttwoch, 11.04.2018 em 18:30 Auer
Rotonde 1, place des Rotondes, Luxembourg-Bonnevoie
Frais de participation : Membres(*): EUR 15,- Non-membres : EUR 20,-
(*) Membres Slow Food, Fairtrade et SOS Faim

Réservation obligatoire avant le dimanche 08.04.2018 sur le site www.rotondes.lu

 

Photo : « Seeds » by ICARDA – Science for Resilient Livelihoods in Dry is licensed under CC BY-NC-ND 2.0