INVITATION

Am Kader vun der Serie «Synergies» an de ROTONDES organisieren SLOW FOOD Luxembourg et FAIRTRADE Lëtzebuerg säit iwwer 50 Editiounen en Owent HUNGRY PLANET. Deen nächsten Event:

Kee Land a Siicht?

Fehlt et der Landwirtschaft künfteg u Land?

De Rush op Bauterrainen

Bei Wuesstumsraten vun 3 bis 5% ass et kloer, datt de Rush op Bauterrainën weider unhale wärt. Wéi geseit déi next Editioun vun de plans sectoriels aus: bleift do e Gleichgewiicht tëschent Wunn-, Aktivitéits- a Landschaftszonen oder gin Natur- a landwirtschaftlech Flächen weider ugeknabbert?

Schrumpfen landwirtschaftlech Flächen?

Ob d’plans sectoriels verännert gin an déi kommend kommunal PAG erweidert gin oder net, den Drock opp landwirtschaftlech Flächen bleift erhalen. Wéi steet et mat de landwirtschaftleche Flächen? Wärten sech jonk Baueren, déi nët op de Familjebetriib zréckgreife kënnen, nach Agrarland leeschte kënnen?

Wat kann een op politeschem Niveau machen?

D’Land ass eng Wuer um freie Marché gin. Kann d’öffentlech Hand eppes géint d’Schrumpfen vun der Landwirtschaft maachen, bei Wuesstemsraten vu Wirtschaft a Wunnen vun 4%? Hun bestehend an nei Betriiber nach eng Chance, genuch Fläche fir hir Aktivitéiten zur Verfügung ze hun? Kënne mir ons iwwerhapt selwer versuergen a wéi steet et mat enger besserer Selbstversuergung am Geméiss-Secteur?

Témoignagen (ugefroot)
  • E betraffenen jonke Bauer/Bäuerin: Témoignagen, wéi schwéier et ass, en neie Betribb ze grënnen, de bestehenden auszebauen oder ze stabiliséieren
  • Vertriederinnen vun Terra, déi d’Chance haten, en Terrain zur Verfügung gestallt ze kréien
Politesch Perspektiven a Visiounen
  • Camille Gira, Staatssekretär am Nohaltegkeetsministär: am Kader vun de plans sectoriels, wéi kann eng familial Landwirtschaft zu Lëtzebuerg mëttel- a langfristeg erhale bleiwen,
  • Fernand Etgen: wéi kann d’Politik agräifen, datt d’Agrarland accesssibel a bezuelbar bleift oder je no Region erem gët,
  • Jean Stoll, Ingénieur agronome, Member am Nohaltegkeetsrot: hien wäert dat Ganzt an de Kader vun den Objektiver vun der Rifkin-Strategie setzen.
  • Moderatioun: Robert Garcia (Slow Food Lëtzebuerg)

Nach ass de Lëtzebuerger Terroir net verlueren. Dofir bitt den Haustraiteur Steffen een authentesche Buffet aus der Regioun.

Jambon cru Lisanto, jambon cuit braisé, pâté campagnard, pâté riesling maison, Lyoner

Fromages de Berdorf et du Schanck-Haff

Salades de betterave aux échalotes, salade de chicons aux noix, salade de carottes et saladede pommes de terre aux radis

Pains artisanal de « Pain et Tradition »

Wainzossis, sauce moutarde et sa purée de pommes de terre

Purée de potiron aux éclats de marrons

Mignardises « Roots » : La pomme, la tartellette linzer aux quetsches. Le Bamkuch et le Riesling

Uschléissend Diskussioun am Kader vun der Plattform an dem Bar an der Rotonde 1.

Wéini?
Mëttwoch 15.11.2017 em 18:30 Auer
Wou?
Rotonde 1, place des Rotondes, Luxembourg-Bonnevoie
Unkäschtebeitrag:
Memberen: EUR 15,-
Nët-Memberen: EUR 20,-

Obligatoresch Aschreiwung an Reservatioun virun e Méindeg, 13.11.2017 op

http://rotondes.lu/agenda/details/event/hungry-planet-kee-land-a-siicht/

Photo : « Agriculture » by mripp is licensed under CC BY 2.0