Eröffnungsveranstaltung der Ersten Echternacher Tourismustage

Einladung

Slow Tourism heißt der neue Trend der Tourismusindustrie. Langsamkeit und Nachhaltigkeit, Sinnhaftigkeit und Sinnlichkeit sind die Stichwörter mit denen sich diese neue Art des Tourismus beschreiben lassen und die ein authentisches Reiseerlebnis bewirken sollen.

Internationale Referenten aus unterschiedlichen Wirtschafts- und Arbeitsbereichen befassen sich beim Kongress der ersten Echternacher Tourismus Tage mit dem vermeintlichen Nischenprodukt Slow Tourism als Zukunftschance für Destinationen, die abseits großer Touristenströme liegen.

Wir freuen uns, gemeinsam mit den Veranstaltern der ETT die Veranstaltungsreihe mit einer gemeinsames kulinarischen und kulturellen Reise eröffnen zu dürfen

Menu für Gaumen

Kir Royal mat Cassis vu Beaufort

Eng Schmier mat Paté vum Wellt an Fierkelsjhelli

Gebroden Forell aus Minden gefellt mat Wurzelgeméise op Kürbispüree

Brod vum Angusrand aus dem Mellerdall, Gebotschte Gromperen mat Speck
Hierschgeméis an Champignonszoss

Klengen Kéisteller mat Kéiser vum Balteshaff an aus der Fromagerie Schmalen

Kaffi vum Moulin Dieschbourg mat engem Stéck Quetschetuart an enger Quetschendrepp

Broud vum Slow Baker „Pains et Tradition“

Menu für Kopf

Lob der Langsamkeit, eng kleng Liesung mam Naema Sinner a Tony Krieger

Musikaleschen Encadrement Nathalie Jost – Gittar

Datum:
Mittwoch, 23.10.2013 um 19.00 Uhr
Ort:
Hostellerie de la Basilique
7-8 place du Marché
L-6460 Echternach
www.hotel-basilique.lu
Unkostenbeitrag:
Menu wie oben notiert, ohne weitere Getränke: EUR 54,-

Reservierung obligatorisch durch Überweisung des Unkostenbeitrags auf das Konto CCP no. IBAN LU03 1111 1719 6884 0000 von Slow Food Luxembourg mit dem Vermerk «ETT», bis spätestens Donnerstag, 17.10.2013.

ett201302

Image 1 parmi 24

Gudden Appetit, och no 2013?

ALUEDUNG

Am Kader vum OPEN SQUARE am Kulturzentrum CarréRotondes organisiéiert SLOW FOOD Luxembourg seit 2008 eng Rei Manifestatiounen zum Thema nohalteg Liewesmëttel an planetar Agrarpolitik ënnert dem Titel HUNGRY PLANET.

Di nächst Veranstaltung «Hungry Planet» gët zesumme mat dem Mouvement Ecologique an der bioletzebuerg organiséiert an danzt e bëssi aus der Rei, well si beschäftigt sich mat Agrar- a Konsumentepolitik am Kader vun de Chamberswalen vum 20. Oktober 2013.

Gudden Appetit, och no 2013?

Perspektiven fir eng nohalteg Agrarpolitik

Op der Kaart: Natiirlech, d’Weichen vun der Agrarpolitik gin zu Bréissel gestallt, mee och hei heem gin et genuch Hausaufgaben. Eng ökonomesch existenzfäheg mëttelstänneg an baierlech Landwirtschaft, e méi héijen Undel u Liéwesmëttelen, déi lokal a regional produzéiert a vermaart gin, präzis Objektiver, den Undel un ökologesch orientiertem Landbau substantiell ze erhéijen a konkret Mesüren, fir déi Zieler ze ereechen, eng kohärent Politik fir de Verbraucher gesond a schuedstoffarm Liéwesmëttelen unzebidden, d’Landwirtschaft an eng ausgewoën Naturschutz-, Landesplanungs a Wirtschaftspolitik an anzebannen.

Um Menü: Fir nët op zevill Felder ze plouen, konzentréiere mer ons zwee wesentlech Themaën: d’Zieler vun enger ökonomesch an ökologesch nohalteger Produktioun vu Liéwesmëttelen zu Lëtzebuerg an d’Promotioun vun enger seriöser Liéwesmëttelsécherheet, déi de Konsument wéi den Produzent schützt.

Dozou kréien d’Parteien eng Rei vun Viirschléi am Viirfeld vun der Table ronde geschéckt. Déi Viirschléi gin an zwee kuerzen Exposéën deen Owent nach eng Kéier duergeluet, an zwar vum Blanche Weber (Mouvement Ecologique) a vum Änder Schank (bioletzebuerg, Oikopolis).

Wéi eng Partei wiélt wéi e Menü: Dorops hin sin Vertriéderinnen a Vertriéder vun de 9 Parteien opgefuerdert, kuerz a kloër duerzeléën, wéi eng vun dene Virschléi si géingen ënnerstëtzen a wéi eng nët. Well et esou vill Lëschte gin, kënne mer leider nëmmen 10 Minuten pro Partei fir de ganzen Owend accordéieren. Dono sollen och d’Leit aus dem Publikum nach Geléënheet kréien, genau esou kuerz a präzis Froën ze stellen.

Nët mat vollem Mond: d’Parteien sollen hir Politiken mat vollem Asatz duerléën, awer nët mat vollem Mond schwetzen. Dofir gët et nom Agrarmarathon e Buffet mat regionale Produkter, déi Slow Food mam Haustraiteur Steffen ausgewiélt huet. D’Vertriederinnen a Vertrieder vun de Parteien sin natiirlech agelueden. D’Leit aus dem Publikum, déi wëllen nach mat engem Maufel (am Grapp) weider diskutéieren, mussen sech per Virement umellen.

Datum:
Mëttwoch, 09.10.2013 vun 18:30 un
Uert:
Carré Rotondes, 1 rue de l’Aciérie, Luxembourg-Hollerich
Unkäschtebeitrag:
Memberen: EUR 8,-
Nët-Memberen: EUR 10,-

Reservéierung fir de Buffet no der Table ronde obligatorisch durch Iwwerweisung vum Onkäschtebeitrag op de Kont BCEE no. IBAN LU02 0019 2755 2836 5000 vum CarréRotondes mat dem Vermierk «9. Oktober», bis spéitstens Méinden 7. Oktober 2013.